"D'Handwierk bitt Perspektiven"
E Mëttwoch de Moie war d'Handwierk Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D‘Chambre des Métiers begréisst, dass d'Regierung de Pensiounssystem wëll reforméieren. CSV an DP hätten elo d‘Piste vun der Verlängerung vun de Cotisatiounsjore proposéiert. An dem President vun der Chambre des Métiers Tom Oberweis no ginn et fir d‘Handwierkerkummer keng rout Linnen. Et géif een oppen an d‘Diskussioune mat de Sozialpartner goen, déi fir den 9. Juli annoncéiert sinn.
Datt eventuell och sëllege Salariéen aus dem Handwierk den 28. Juni mat OGBL an LCGB géint d‘Politik vun der Regierung op d‘Strooss ginn, dorop huet den Tom Oberweis geäntwert: "Mir liewen an engem fräie Land."
"Gudden interne Sozialdialog an de Betriber"
De President vun der Chambre des Métiers ass houfreg, dass de Sozialdialog intern an den Handwierksbetriber gutt géif funktionéieren.
Et géif nämlech net genuch Handwierker ginn, dowéinst wéilt ee seng Leit och am Betrib halen. Den Awand, dass d‘Aarbechtszäiten a -Konditiounen, grad ewéi d‘Pai, am Handwierk awer net déi favorabelst wären, huet den Tom Oberweis net gëlle gelooss. Virun allem mam Meeschterbréif an der Täsch kéint een eng gutt Remuneratioun kréien.
Et bräicht een dofir e Mentalitéitswiessel, fir z'erkennen, dass Handwierk gutt bezuelt wär, eng Zukunft hätt a flexibel Aarbechtszäite géif bidden, esou de President vun der Handwierkerkummer.
Akute Personalmanktem
Nawell wären d'Erausfuerderunge fir d'Handwierk grouss: Zejoert hätt de Secteur 3.800 Leit gesicht. Méi ewéi 40% vun de Salariéeën hätte 50 Joer. An an den nächsten 10 Joer géifen eng 20.000 Leit aus dem Secteur an d'Pensioun goen, dorënner och Patronen. Zuelen, déi den Tom Oberweis eescht géif huelen.
Allerdéngs wären aktuell eng 500 Leit am dräi Joer laange Prozess fir de Brevet de Maîtrise dran: Eng liicht Hausse, déi awer géif bedeiten, dass d‘Valorisatioun vum Meeschterbréif hir Friichten dréit, esou de President vun der Handwierkerkummer.
D‘Handwierk méi attraktiv maachen
Deemno misst den Handwierksberuff nach méi attraktiv gemaach ginn: De Brevet de Maîtrise gëtt weider moderniséiert an e misst och méi valoriséiert ginn. Esou dass en eventuell mat engem Universitéitsdiplom gläichzesetze wär. Wuel géifen dann d‘Prüfungen an d‘Exame méi schwéier ginn, mä den Tom Oberweis gëtt ze bedenken, dass d‘Ufuerderungen un en Handwierker an Zäite vu beispillsweis intelligente Systemer an Haiser och grouss sinn.
Anerersäits misst et och fir Quereinsteiger méi einfach ginn, an d‘Handwierksberuffer ze kommen. Dorunner géif ee schaffen.
D'Kënschtlech Intelligenz ugeschwat: Déi géif d'Prozesser an d‘Aarbechten an de Betriber méi einfach maachen. An déi ganz KI-Technik misst jo och vun engem gebaut ginn. An dat wieren och d'Handwierker, sou nach den Tom Oberweis vun der Chambre des Metiers.
E Mëttwoch den Owend kréien an der Philharmonie eng 100 Persounen hiren Diplom am Handwierk.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.