E Freideg de Moie war d'Relatioun tëschent der AMMD an der Politik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Si wieren an de leschten Zich, mä d'Konventioun, déi d'Relatiounen tëscht den Dokteren an der CNS an de Remboursement vun de Patiente reegelt, ass bis haut nach ëmmer net gekënnegt. Uganks des Mounts hat sech d'Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren AMMD sech dat Mandat op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung gi gelooss. De President, den Dokter Chris Roller, huet e Freideg de Moien erkläert, datt een nach ëmmer amgaang wier mat de Juriste vun der AMMD Detailer ze klären, fir eng Verhandlungsbasis ze hunn, fir eng nei Konventioun. Déi Konventioun muss dem Gesetz no, no enger Kënnegung, an Zäit vun 12 Méint nei ausgehandelt ginn, soss muss d'Ministesch per Reglement tranchéiere fir net ze riskéieren, datt d'Leit duerno hir Rechnungen net méi zréckbezuelt kréien, wa se bei den Dokter ginn. De Chris Roller sot e Freideg de Moien awer um Radio, datt d'Konventioun "ëm Allerhellege warscheinlech wäert zu Graf gedroe ginn", fir et duerno nach méi kloer ze soen: "et gëtt kee Wee zréck, déi gëtt gekënnegt". Et wéilt een deen Ament awer e Gesamtkonzept presentéieren. Et wier net am Interessi vun den Doktere fir den Assuré hänken ze loossen.

"Mir gesi keen anere Wee fir Saache geännert ze kréien"

Den AMMD-President huet zouginn, datt de Sträit tëscht der Gesondheetskeess an den Dokteren iwwert d'Revalorisatioun vun der sougenannter "valeur lettre-clé", also d'Tariffer vun den Dokteren, d'Faass zum Iwwerlafe bruecht hätt. D'Onzefriddenheet bei den Dokteren hätt sech an de leschte Méint verschäerft. An et géif ee keen anere Wee gesinn, fir Saachen am Gesondheetssystem geännert ze kréien, déi versprach goufen, wéi eben elo op de Wee ze goen, fir déi Konventioun ze kënnegen.

Enttäuscht vun der Regierung

Den Dokter Chris Roller huet och net seng Enttäuschung iwwert d'CSV-DP-Regierung an natierlech virop d'Gesondheetsministesch Martine Deprez verstoppt. D'Regierungsparteien hätte Saachen am Walkampf versprach, mä et wier no zwee Joer nach net vill geschitt, notamment fir méi Interventiounen an den Dokteschcabineten baussent dem Spidol ze maachen. D'Santésministesch hätt keng Visioun a kee Konzept fir d'Zukunft, a géif sech hanner Excusë verstoppen.

D'Associatioun vun den Dokteren an Zänndoktere gesäit och de System vum sougenannte "conventionnement automatique et obligatoire" kritesch. Dat wier net méi zäitgeméiss. Zu Lëtzebuerg ginn effektiv all d'Dokteren direkt an automatesch un d'CNS gebonnen, wa se sech hei néierloossen fir z'exerzéieren. D'AMMD hätt do gär méi Flexibilitéit.

Méi Interventiounen an Dokteschpraxissen

Ee grousst Uleies vun der liberaler Dokterschaft ass a bleift de sougenannte "virage ambulatoire". D'AMMD setzt sech zanter Joren duerfir an, datt verschidde Prestatiounen net méi exklusiv am Spidol, mä dobaussen a privaten Dokteschpraxissen solle kënnen ugebuede ginn. Den Ament gëtt de gesetzleche Kader just Spidolsantennen déi Méiglechkeet an der Imagerie, der Dialys an der Onkologie a klengen Interventioune vun enger Dagesklinik. Operatioune fir groe Star an dermatologesch Interventioune sollen nokommen. Fir den Dokter Chris Roller kann dat alles awer just een éischte Schrëtt sinn. Wéi gesot, wëll d'AMMD vill méi Moyene fir privat Cabineten.

De Risiko, datt sech duerch sou e System manner Dokteren a Gesondheetspersonal fir d'Klinicke fanne loossen, déi jo do da musse Garden an Nuetsdéngschter maachen, gesäit d'AMMD net. Dat wier "en artificielle Problem vun deenen, déi net wéilten, datt den Extrahospitalier ausgebaut soll ginn". D'Spideeler wäerte lo net verschwannen, wa mer méi an de Cabinete maachen, sou eisen Invité um Freideg de Moien. An déi laang Waardezäite kéint keen ofstreiden.

Den Dokter Chris Roller gleeft net drun, datt d'Gesondheetsministesch Martine Deprez et effektiv fäerdeg bréngt, fir virun Enn des Joers, en neie Gesetzprojet iwwert d'Dokteschgesellschaften ze deposéieren. Alles wat ee bis elo gesinn hätt wier en Avant-Projet vun dräi an enger hallwer Säit.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Chris Roller

Ministère de la Santé reagéiert

Nom Interview mam Dr. Roller bekennt sech de Santésministère an engem Communiqué nach emol prinzipiell zum Ausbau vun der medezinescher Offer baussent de Spideeler. Et wëll ee sech wuel net soe loossen, datt näischt geschitt. Sou wéi et am Koalitiounsaccord steet, géif d'Regierung mat hirer Strategie fir en "innovativen, effikassen an accessibele Gesondheetssystem weiderfueren", dat mat durabelen an transparente Finanzen an enger "konsequenter Reform" vun den ambulante Soinen. D'Spidolsgesetz géif elo amendéiert ginn, fir datt an Zukunft och Operatioune mam groe Star an dermatologesch Interventiounen ambulant kéinten ugebuede ginn. Wéini, gëtt een net gewuer. D'Lëscht vun de Prestatiounen, déi haut scho baussent dem Spidol kënnen ugebuede ginn (Imagerie, hôpital du jour non chirurgicale, Oncologie an Dialys) soll no an no ausgebaut ginn. A Concertatioun mat de concernéierte Gesondheetsberuffer, verséchert de Ministère am Schreiwes. D'Santésministesch Martine Deprez huet d'AMMD effektiv gefrot hir e Katalog eranzereechen.

Parallel géif d'Regierung de juristesche Kader fir d'Grënnung vun Dokteschgesellschafte finaliséieren. E konkreten Datum sicht een am Communiqué vun haut awer ëm soss.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.