Vun de Plazen 2 an 3 starten e Sonndeg beim Grousse Präis vu Singapur de Lewis Hamilton op Mercedes an de Sebastian Vettel op Ferrari.

Um eppes méi wéi 5 Kilometer laange Circuit vu Singapur war de Charles Leclerc op Ferrari beim Qualifying dee Séiersten.

E Freideg um Training war de Sebastian Vettel nach viru sengem Teamkolleg, ma de Monegass konnt sech awer um Samschdeg virum Lewis Hamilton op Mercedes an eben dem Vettel behaapten.

Am Heppenheimer sengem leschten Tour huet hien nach eng Kéier alles op eng Kaart gesat, ma huet awer mat sengem Bolid d'Mauer geroden an doropshin seng Ronn ofgebrach. Fir de Charles Leclerc war et iwwerdeems déi 5. Pole Position a senger nach jonker Karriär.

Den Daniel Riccardo op Renault gouf beim Qualifying disqualifizéiert, well seng Power-Unit fir eng Mikrosekonn, déi erlaabten 120 Kilowatt depasséiert hat, wéi seng Rieder eng Kéier kuerz de Buedem net méi beréiert haten.

Dat komplett Startfeld vum Sonndeg: