MotoGP zu ValenciaRaul Fernandez wënnt bei leschter Course vu Marc Marquez

Yannick Zuidberg
De Marc Marquez huet bei senger leschter Course an der MotoGP zu Valencia d'Victoire esou just verpasst.
© JOSE JORDAN / AFP

De Spuenier kënnt um Enn op déi zweete Plaz. D'Victoire goung um Enn awer däitlech un de Raul Fernandez. De Podium gouf komplettéiert vum Pedro Acosta.

De Marquez schléisst d'WM also mat engem Virsprong vu 40 Punkten op de Bezzecchi of. Deen erkämpft sech domat de Vizeweltmeeschtertitel a läit um Enn dräi Punkte virum Martin. An der Konstrukteurswäertung setzt sech Aprilia duerch a séchert sech den Titel mat engem Virsprong vun 21 Punkten op Ducati.

Moto 2

De Senna Agius huet sech zu Valencia déi lescht Victoire vun der Saison geséchert. Den Alex Escrig an de Collin Veijer hunn de Podium komplettéiert. De Manuel González ass als Fënneften iwwer d'Arrivée gefuer an huet sech domat de Weltmeeschtertitel geséchert. Hie setzt sech an der Gesamtwäertung mat just 2,5 Punkten Avance géint den Izan Guevara duerch.

Moto 3

Den David Almansa huet iwwerdeems déi lescht Moto3-Course vun der Saison zu Valencia gewonnen. Den Álvaro Carpe huet sech an der leschter Kéier nach déi zweet Plaz geséchert, virum Weltmeeschter Máximo Quiles, deen als Drëtten iwwer de wäisse Stréch gefuer ass. De Quiles schléisst eng aussergewéinlech Saison mat engem neie Punkterekord vu 433 Punkten of. Den Almansa gëtt mat 291 Punkten Zweeten, iwwerdeems den Alvaro Carpe mat 244 Punkten déi drëtt Plaz an der Gesamtwäertung erreecht

Back to Top
CIM LOGO