Bei wonnerschéinem Wieder gouf e Samschded den 8. Laf vun der VLN-Meeschterschaft um Nürburgring gefuer.

Och dës Kéier waren eng Partie Lëtzebuerger um Start. Wéinst engem Accident an der alleréischter Ronn gouf d’Course ofgebrach, fir d’Streck nees fräizemaachen.

Mat ronn enger Stonn Verspéidung ass et dunn en zweete Start ginn an den Directeur de Coursse huet decidéiert, dass d’Coursse trotz dem Retard iwwer 4 Stonne soll gefuer ginn.

© Jeannot Boesen

Séierste Lëtzebuerger war wéi gewinnt de Steve Jans (N°9) um Audi R8 LMS vum Phoenix Racing Team.

Wéinst technescher Onreegelméissegkeet bei der Kontroll vun zwee Gefierer beim ass de Steve Jans op déi 10. Plaz am Generalklassement no vir gerutscht.

An der Klass SP9 Pro-Am gëtt hien den zweeten.

Op der 90. Plaz fanne mir de Mike Schmit (N°302) op sengem Opel Astra Cup. Hie verpasst op d'Plaz 4 ganz knapp de Podium an der Klass SP3T.

© Jeannot Boesen

Den Daniel Bohr (N°960) an de Charles Oakes (N°445), allebéid op Porsche Cayman, hunn d’Arrivée wéinst technesche Problemer net gesinn.

Gewonne gouf D’Course vum Maximilian Buhk a Raffaele Marciello (N°48) op Mercedes AMG GT3 virum Christian Krognes, David Pittard an Jody Fannin (N°34) op BMW M6 GT3 an dem Philip Ellis a Maximilian Götz (N°2) op Mercedes AMG GT3.