De Schwäizer Traditiounsrennstall Sauber gëtt vun 2026 zum Audi Wierksteam. Wat sech schonn hannert de Kulissen annoncéiert hat, gouf elo offizialiséiert.

Audi klëmmt jo 2026 an d'Formel 1 eran, wat Enn August esou vun Audi matgedeelt gouf. Deen Ament war Rieds dovun, dass ee wäert Motoren un eng Formel-1-Ecurie liwweren. Wéi eng dat sollte sinn, gouf dunn awer nach net verroden. Ma et konnt een do awer schonn dovun ausgoen, dass et Sauber wäert sinn, déi aktuell als "Alfa Romeo Racing" mat Ferrari-Undriff un den Depart ginn. Déi Bestätegung ass dann elo 2 Méint méi spéit komm.

Audi-Tweet

Am Pressecommuniqué vun Audi ass ze liesen, dass ee wëlles huet, en Deel vun der Sauber Group ze iwwerhuelen, wouduerch déi Schwäizer Ecurie da vun 2026 un als Audi-Wierksteam start, dëst mat engem vun Audi entwéckeltem Undriff.

D'Power-Unit, zesummegesat aus Elektromotor, Batterie, Steierungselektronik a Verbrennermotor, gëtt am Motorsport-Kompetenzzentrum vun Audi zu Neuburg entwéckelt, iwwerdeems de Chassis an der Schwäiz zu Hinwill entwéckelt a gebaut gëtt. Sauber wäert och fir d'Logistik an de Rennasaz zoustänneg sinn.

D'Entwécklung vun der Power-Unit leeft dann och schonn op Héichtouren. Iwwer 120 Mataarbechter schaffe schonn um Projet, fir deen d'"Audi Formula Racing GmbH" gegrënnt gouf. Den Ausbau vum Entwécklungszenter zu Neuburg soll am Joer 2023 fäerdeg sinn, an éischt Testfaarte mat der neier Power-Unit si fir 2025 geplangt.

Beim neie Reglement fir 2026 gëtt nach méi op Nohaltegkeet gesat, wat och eng wichteg Grondviraussetzung fir Audi war, sech an der Formel 1 z'engagéieren. Den Undeel un elektrescher Leeschtung an den neie Formel-1-Autoe soll quasi genau sou héich sinn, wéi dee vum 1,6 Liter Turbo-Verbrenner, deen op 544 PS kënnt. Deemno kënnt een op eng Systemleeschtung vun iwwer 1000 PS.

Wichteg ass nach ze erwänen, dass de Verbrenner net mat normalem Sprit ugedriwwe gëtt, ma mat syntheteschem Sprit, deen CO2-neutral (no EU-Norm) ass. D'Formel 1 huet sech dann och als Zil gesat, als Renn-Serie bis 2030 CO2-neutral ze sinn.

Net déi éischt Zesummenaarbecht

Eng Kollaboratioun tëscht Audi a Sauber gouf et och schonn an der Vergaangenheet. Sou huet Audi z.B. bei der Entwécklung vun hirem LeMans-Auto, grad ewéi beim Class-1-Tourewon fir d'DTM schonn op den Hightech-Wandkanal vu Sauber zeréckgegraff.

RTL

© AFP

Wat geschitt mat Alfa Romeo?

Sauber an den aktuelle Sponsor Alfa Romeo zéien Enn 2023 e Schlussstréch ënner hir Zesummenaarbecht, an de Kontrakt, deen dann ausleeft, gëtt net verlängert. Deemno wäert d'Ecurie vun 2024 bis 2026 dann nees ënnert hirem eegenen Numm "Sauber" un den Depart goen.

RTL

© AFP

Alfa Romeo wëll elo verschidde Méiglechkeeten iwwerpréiwen an entscheeden, wéi eng déi Bescht ass, fir déi laangfristeg Strategie a Positionéierung vun der Mark ze garantéieren. Deemno kéint et och sinn, dass Alfa Romeo vun 2024 un eventuell bei eng aner Ecurie als Titelsponsor wiesselt.