Vun 2026 un: Audi annoncéiert F1-Participatioun
Scho méi laang gouf driwwer spekuléiert, elo gouf et confirméiert: Audi wäert 2026 als Motorist an d’Formel 1 eraklammen.
Audi liwwert vun 2026 un nees Motore fir eng Formel-1-Ecurie. Dat huet déi däitsch Autosmark e Freideg am Virfeld vum Grousse Präis vun der Belsch zu Spa annoncéiert. "Mir hunn eis offiziell als Power-Unit-Fournisseur ageschriwwen. Mir wäerte vun 2026 an der F1 starten", huet den Audi-CEO Markus Duesmann d'Rumeure confirméiert. Audi gesäit an der F1 eng global Bün, fir hiren technologeschen "Know-How" ze presentéieren.
Méiglech gouf den Audi-F1-Astig duerch en neit Motorereglement fir 2026. Den neie F1-Undriff soll da manner komplex an doduerch och méi bëlleg ginn. Den thermeschen Hybrid-System MGU-H fält ewech, wärend de kineteschen Hybrid-System MGU-K nach méi Elektropower liwwere soll. 2026 sollen och nëmmen nach E-Fuels an der F1 agesat ginn. D'Ambitioun vun der F1 ass et, bis 2030 komplett CO2-neutral ze sinn. D'Reduktioun vun de Käschten an d'Nohaltegkeet vum neie Motorereglement waren eng Viraussetzung, fir dass Audi sech zur F1 bekenne wollt.
Den neien Undriff gëtt bei Audi Sport zu Neuburg an der Donau entwéckelt a gebaut. D'Audi-Direktioun ass besonnesch houfreg drop, dass hir Power Unit komplett "made in Germany" ass. Mercedes-AMG baut seng F1-Motore jo an England.
Audi wollt awer nach net verroden, mat wéi engem Chassispartner si zesummeschaffe wäerten. Audi wëll een aktuellt Team iwwerhuelen, et wär net geplangt, e komplett neit Team opzebauen. Am Gespréich wär d'Sauber-Team, déi am Moment als "Alfa Romeo Racing" mat Ferrari-Undriff un den Depart ginn. Op jiddwer Fall huet Alfa Romeo kuerz no der Audi-Pressekonferenz ugekënnegt, dass een d’Sauber-Ekipp nëmmen nach bis 2023 sponsere wëllt.
Fir de F1-CEO Stefano Domenicali ass et "e groussen Dag fir de Sport". Et géif weisen, wéi populär d'F1-Weltmeeschterschaft am Moment wär.
Mat Porsche soll eng zweet Mark aus dem VW-Konzern an Zukunft F1 maachen. Dat ass awer nach net offiziell confirméiert, mä den Audi-CEO Duesmann huet sech op senger Pressekonferenz e bësse verplappert: "Et wäerten zwee getrennte Programmer sinn. Mir bauen eise Motor an Däitschland, Porsche baut hire Motor an England. Also... virausgesat si wëllen iwwerhaapt F1 maachen." Esou dass et wuel nëmmen eng Fro vun der Zäit ass, bis och Porsche seng geplangte Kooperatioun mat RedBull annoncéiere wäert.
Audi huet dann um Freideg och op hirem offiziellen Twitter-Account en Opruff gemaach, et bräicht een nach Piloten an d'Leit kéinten hiren CV eraschécken. Wéi seriö dat gemengt war, wësse wuel just si. Ma wie sech beruff fillt...