D'Ecurie Aston Martin hat no der Course Protest ageluecht.

Dat well verschidden Zäitstrofe wéinst den Track Limits net richteg applizéiert goufen respektiv Strofe fir Verstéiss guer net ausgeschwat gi wieren. Elo hunn d'Stewards tranchéiert an d'Schlussresultat rektifizéiert.

Am Ganze kruten 8 Pilote wéinst den Track Limits nodréiglech eng Zäitstrof op hiert Schlussresultat dropgerechent. Betraff sinn de Carlos Sainz, de Lewis Hamilton, de Pierre Gasly, den Alexander Albon, den Esteban Ocon, de Logan Sargeant, den Nyck De Vries an de Yuki Tsunoda.

Géint de Fransous Esteban Ocon gouf mat 30 Sekonnen déi gréisste Sanktioun decidéiert.

Wärend der Course huet d'Renndirektioun der FIA no iwwer 100 Ronnenzäite geläscht, well géint d'Track Limits verstouss gouf. Méi spéit huet d'FIA erkläert, nach emol "wäit iwwer 1200 Fäll ze iwwerpréiwen, an deenen en Auto als potentiell vun der Streck ofkomm gemellt gouf".

Vum erfollegräiche Protest hunn déi zwee Aston-Martin-Pilote profitéiert. De Fernando Alonso ass elo Fënneften an de Lance Stroll Néngten. Si hunn allebéid eng Plaz guttgemaach.

Op den éischten dräi Positiounen huet sech awer näischt méi geännert, sou datt et beim Podium Verstappen, Leclerc a Perez bleift. Hei fannt Dir den Artikel vun der Course.

Hei fannt Dir dat aktualiséiert Schlussresultat vum FORMULA 1 ROLEX GROSSER PREIS VON ÖSTERREICH 2023: