Max Verstappen schléisst perfekte Weekend mat weiderer Victoire of
Zu Spielberg sinn nach de Charles Leclerc an de Sergio Perez op de Podium gefuer.
An der Formel 1 huet de Max Verstappen e Sonndeg de fënnefte Grand Prix noenee gewonnen an domadder seng Avance an der WM weider ausgebaut. Den aktuelle Weltmeeschter ass beim Grousse Präis vun Éisträich mat sengem Red Bull wéi een Auerwierk un der Spëtzt vum Feld gefuer an huet senge Konkurrenten nees keng Chance gelooss. Hien hat esou e grousse Virsprong, datt en esouguer nach an der zweetleschter Ronn eng Kéier an d'Box konnt kommen, fir d'Pneuen ze wiesselen.
De Ferrari-Pilot Charles Leclerc ass als Zweeten an d'Course gaangen an ass um Enn och als Zweeten ukomm. No enger staarker Course huet sech den zweete Red-Bull-Pilot Sergio Perez déi drëtte Plaz geséchert. Hie war no engem schwaache Qualifying just als 15. an d'Course gaangen. Huet dunn awer Pilot ëm Pilot iwwerholl a sech no vir geschafft.
Vill Probleemer hunn de Piloten um Circuit zu Spielberg d'Track Limits gemaach. Nodeems d'Ecurie Aston Martin no der Course Protest ageluecht hat, goufe vill Piloten nodréiglech nach bestrooft an d'Resultat gouf op d'Kopp geheit. Zu den nodréiglech sanktionéierte Pilote gehéieren de Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton an de Carlos Sainz. De Spuenier war an der Course de Véierte ginn an ass duerch d'Strof op Plaz sechs zeréckgefall.
Hei fannt Dir de Replay vun der Course.
Fir Red Bull an de Max Verstappen war et e perfekte Weekend beim Heemspill zu Spielberg. Den Hollänner war am Qualifying de Séiersten, huet de Shootout dominéiert, de Sprint souverän gewonnen an e Sonndeg stoung e beim Grand Prix nees ganz uewen um Podium.
Red Bull dominéiert also weider d'Formel 1. D'Ecurie huet vun de leschten 20 Courssen der 19 gewonnen.
An der Weltmeeschterschaft huet de Verstappen elo 81 Punkten Avance op de Sergio Perez.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.