De Gil Linster wëll d'EuroNASCAR-Serie gewannen
E Sonndeg ass zu Valencia den Optakt an déi nei Saison vun der NASCAR Whelen Euro Series. Op RTL.lu an RTL Play kënnt Dir all d'Coursse live suivéieren.
Zanter Jore fiert de Gil Linster an der EuroNASCAR. NASCAR eng Motorsport-Serie, déi an den USA immens beléift ass an och hei an Europa ëmmer méi Supporter huet. Den Optakt vun der Saison ass dëse Weekend mat der éischter Course zu Valencia a Spuenien.
Dës Saison ginn d'Coursse vun der NASCAR Whelen Euro Series alleguer op RTL.lu an RTL Play iwwerdroen.
Fir de Gil Linster ass et awer net déi éischt Course fir dëst Joer. Am Februar hat de Lëtzebuerger nämlech d'Méiglechkeet, op deem wuel legendäerste Circuit an den USA ze fueren. Hien ass do un den Depart vun den Daytona 200 gaangen. An do huet hie sech méi wéi gutt aus der Affär gezunn.
"De Bilan ass ganz positiv. Ech mengen et hat kee mat deem Resultat gerechent, datt mir 7. ginn. Dat ass dat stäerksten europäescht Resultat, wat bis elo do war. Zu Daytona ass nach keen an der Géigend vun enger 7. Plaz gewiescht. Ech sinn och net mat der Erwaardung dorower gaangen, fir iwwerhaapt emol an dee risege Krees vun der amerikanescher Nascar eranzekommen."
De Gil Linster geet dëst Joer mat engem Toyota Camry un den Depart. Säin Zil ass kloer. Hie wëll um Enn vun der Saison d'EuroNASCAR-Serie gewannen.
Op 7 Circuite ginn am Ganzen 28 Coursse gefuer. Dobäi gëtt et awer een Ënnerscheed tëscht de Courssen an Europa an deenen an den USA.
"An Amerika fuere mir praktesch just am Oval, bis op 3-4 Kéieren um Circuit. An hei ass et ëmgedréit. Hei fuere mir op Circuiten, déi een aus der Formel 1 kennt. E puer Strecken hu mir am Oval."
An esou een Oval ass zu Venray.
Dat läit hei vir an Holland. Dat ass dee flottsten a schéinsten Oval, dee mir an Europa hunn. Et ass ee Shorttrack. Dat heescht ee klengen Oval. An do mat 35-36 Autoen am Oval ze rennen, do hoffen ech ee klenge Virdeel ze hunn. Fir d'Fans ass et genau dat, wat si brauchen.
Den Optakt ass awer elo e Samschdeg an e Sonndeg um Circuit Ricardo Tormo zu Valencia.