Dylan Pereira start mat Victoire an d'Saison
A China ass de fréiere Supercup-Champion an d'Saison gestart.
No engem Joer Abstinenz ass den Dylan Pereira nees am Porsche Carrera Cup ënnerwee. Dat allerdéngs net an Däitschland. Hie sëtzt elo an Asien am Porsche 911 GT3 Cup Auto hannert dem Steier. Dëse kennt de fréiere Supercup-Champion aus dem FF. Lo muss hie sech nëmmen nach un déi nei Circuite gewinnen.
Zu Shanghai a China stoungen Tester virun der Saison um Programm. A wien elo mengt, den Dylan Pereira géif nees an engem Porsche vum Team Lechner sëtzen, deen iert sech. Den Auto ass wuel Rosa wéinst dem berüümte Sponsor an huet och d'Nummer 5, mä d'Ekipp heescht Shanghai Yonda. An trotzdeem, nees zréck a Rosa ze sinn, léisst beim Lëtzebuerger Pilot eppes aus.
"Ech si mat der Nummer 5 Supercup-Champion ginn an dowéinst hunn ech mir déi eraus gesicht."
Bei den Tester war den Dylan Pereria dee Séiersten. Zeréck doheem am Simulator gëtt nach fläisseg geüübt, fir nach besser ze ginn. Eng Erausfuerderung ass, datt am Porsche Carrera Cup Asia 2 Circuiten um Programm stinn, déi de fréiere Supercup-Champion net kennt. Déi sinn an Thailand an een dovunner ass ee Stroossecircuit.
"Zu Shanghai hate mir Testdeeg, dat heescht do hat ech Zäit, um Setup ze schaffen. Op deenen anere Circuiten ass dat anescht. Do hunn ech 2 Mol eng hallef Stonn Training an da gëtt d'Qualifikatioun gefuer. Déi Circuiten, wou ech net kennen, muss ech Onboards kucken, fir mech mam Circuit ze familiariséieren an ebe mat dem Setup schaffen, déi Ingenieure vun anere Piloten hunn, fir esou kënnen esou séier wéi méiglech Vitesse opzebauen."
Fiert d'éischt gëllt et sech un de Porsche 911 GT3 Cup Auto ze gewinnen, mä d'Objektiv fir dës Saison ass kloer definéiert. Um Enn soll de Championstitel eraussprangen.
Den Optakt vun der Porsche-Carrera-Cup-Asia-Saison war dëse Weekend. An deen ass fir de Lëtzebuerger perfekt gelaf. Hien ass nämlech eng Start-Zil-Victoire erausgefuer.
D'Courssen a China ginn am Kader vun der Formel 1 gefuer. Och am September zu Singapur ass den Dylan Pereira dee selwechte Weekend am Asaz, wéi d'Kinneksklass vum Automobilsport.
Kalenner vun der Saison 2024
19-21 Abrëll | Shanghai International Circuit, China |
10-12 Mee | Suzuka Circuit, Japan |
14-15 Juni | Buriram International Circuit, Thailand |
5-7 Juli | Bangsaen Circuit, Thailand |
9-11 August | Sepang International Circuit, Malaysia |
20-22 September | Marina Bay Circuit, Singapur |
25-27 Oktober | Shanghai International Circuit, China |