Grégoire Munster nom 2. Dag op der 8. Plaz

© AFP
No 16 Specialle bei der Rallye Kroatien ass de Lëtzebuerger um Ford Puma gutt an der Course. E Sonndeg stinn nach 4 Speciallen um Programm.
Um zweeten Dag vun der Rallye Kroatien ronderëm d'Stad Brdo ass de Grégoire Munster ganz gutt klasséiert. De Lëtzebuerger beleet no 16 Speciallen déi 8. Plaz an huet knapp 5 Minutte Retard op de Leader, de Belsch Thierry Neuville.
Den Neuville hat säi Hyundai um Samschdeg gutt am Grëff a konnt seng kleng Avance op de Verfollger Elfyn Evans op Toyota liicht ausbauen. Virum leschten Dag huet den Neuville 5 Sekonne Virsprong op de Waliser a just 11,6 Sekonne Virsprong op de Sébastien Ogier am zweeten Toyota. Véierten ass den Eest Ott Tänak op 1 Minutt 15 Sekonnen.
E Sonndeg stinn nach véier Speciallen um Programm.