D'24-Stonne-Course vu Le Mans ass mat enger Victoire vu Suzuki op en Enn gaangen.

De Weekend war den Optakt vun der FIM Endurance World Championship. Yoshimura SERT Motul huet déi 47. Editioun vu Le Mans gewonnen. Fir Suzuki ass et déi 15. Victoire beim Laanstreckeklassiker an déi zweet Victoire bei enger 24-Stonne-Course noeneen.

24h Le Mans Chris Leesch/Reportage Franky Hippert

De Gregg Black, den Etienne Masson an den Dan Linfoot hu sech um Enn souverän behaapt, obwuel de Start an déi éischt Manche vun der EWC mat enger Chute schwiereg ugefaangen hat. No 16 Stonnen hat een d'Féierung iwwerholl an net méi ofginn. Op déi zweet Plaz ass d'BMW Motorrad World Endurance Team gefuer. De Markus Reiterberger, den Ilya Mikhalchik an de fréiere Suzuki-Pilot Sylvain Guintoli haten e Réckstand vun enger Ronn. Yamaha huet sech um Enn misste mat der drëtter Plaz zefridde ginn. D'Weltmeeschter-Ekipp vu Yart louch laang a Féierung, war no enger Chute vum Karel Hanika awer wäit zeréckgefall. Ma d'Pilote Marvin Fritz an Niccolo Canepa hunn um Enn nach d'Podiumsplaz geséchert.

Chris Leescht mat Chromeburner-RAC 41 um Podium

An der Superstock Kategorie huet sech d'National Motos Honda d'Victoire geséchert. Am General war et fir si Plaz 5.  De Lëtzebuerger Chris Leesch huet mat sengem Team Chromeburner Rac41 (Honda) eng staark Leeschtung gewisen an ass op déi 2. Plaz gefuer, dat mat engem Retard vu 5 Ronnen. Am General war et déi staark 9. Plaz. Um Podium stoung nach 3ART Best of Bike (Yamaha).