De Weekend goufen d'Manchen 3 a 4 vum Porsche Carrera Cup Asien gefuer. Dëst op der bekannter Formel-1-Streck vu Suzuka a Japan.

Fir den Dylan Pereira war et eng Première op dëser Streck an et huet geheescht, am Qualifying sou wäit wéi méiglech no vir ze kommen, well et op där Streck, mat identeschen Autoen, ganz schwiereg ass ze iwwerhuelen.

Et ass dem Lëtzebuerger dann och gelongen, zwee Mol bis an déi éischt Startrei ze fueren, allerdéngs jeeweils just op Plaz 2. De Porsche-Junior-Pilot Alex Ghiretti ass zwee Mol d'Beschtzäit gefuer.

An der éischter Course um Samschdeg hat de Pereira keng Chance géint de Ghiretti an et huet geheescht, Plaz 2 no hannen ze verdeedegen. Dat ass dem Lëtzebuerger dann och gelongen, an e konnt als Zweeten iwwert den Zilstréch fueren.

RTL

© Porsche Carrera Cup Asien

Fir sonndes hat d'Team Shanghai Yonda BWT sech awer virgeholl, den Auto nach emol besser anzestellen, fir eventuell och ëm d'Victoire ze fueren. Dobäi koum dann och ëmmer nees liichte Reen. Den Dylan Pereira konnt de Fransous Alex Ghiretti dann och méi ënner Drock setzen, ma dësen huet sech kee Feeler erlaabt. Doduerch war et dem Pereira dann och net méiglech ze iwwerhuelen.

Um Enn stinn also zwou zweet Plaze fir de Lëtzebuerger am Bilan, wouduerch hie sech dann och op Plaz 2 am Generalklassement konnt no vir schaffen.

Hei ass de Ghiretti de Leader mat 97 Punkten no 4 Courssen. Op Plaz 2 kënnt den Dylan Pereira mat 75 Punkten an op Plaz 3 de Mathys Jaubert mat 74 Punkten.

Den nächste Rendez-vous am Porsche Carrera Cup Asien ass vum 13. bis 14. Juni zu Buriran an Thailand.

RTL

© Porsche Carrera Cup Asien