An der franséischer Formel-4-Meeschterschaft gewënnt den Chester Kieffer déi éischte vun am ganzen 3 Coursen.

Dëse Weekend stoung déi 2. Manche vun der franséischer Formel-4-Meeschterschaft um Programm. An der éischter Course vum Weekend ass de Lëtzebuerger Chester Kieffer vun der Pole Position an d'Course gaangen, konnt dës Positioun déi ganz Course laang verdeedegen an ass als Gewënner iwwert de wäisse Stréch gefuer. Op déi zweet Plaz koum den Taito Kato aus Japan an den Yani Stevenheydens aus der Belsch.

Fir déi zweeten Course vum Weekend gouf de sougenannten "Reverse Grid" applizéiert. Dat heescht, den Chester Kieffer ass vun der Plaz 10 an Course gaangen. De Safety-Car war allerdéngs eng länger Zäit um Circuit an domat war et onméiglech méi wäit wéi d'Plaz 7 no vir ze kommen.

Positiv war dunn awer, dass de Formel-4-Pilot an der leschter Course vun Startplaz 3 konnt an Course goen. Direkt beim Start konnt den Chester Kieffer sech op déi zweet Plaz no vir kämpfen. De Leader Taito Kato konnt hien awer net méi offänken.

Domat geet en erfollegräiche Weekend mat engem Succès an enger weiderer Podiumsplaz fir den Chester Kieffer op en Enn. Hie steet aktuell mat 58 Punkten op der 4. Plaz am General.

Déi nächst Course steet um Weekend vum 23. Juni 2024 zu Spa-Francorchamps um Programm.