Marijan Griebel feiert 5. Victoire
Den Däitsche war de grousse Favorit an ass senger Roll och gerecht ginn. D'Lëtzebuerger Konkurrenz huet och staark performt.
Nom Shakedown e Freideg stoung e Samschdeg den Haaptplat vum Rallye Lëtzebuerg um Programm. An 12 Specialle goung et ronderëm Housen an duerch d'Éislek. Hei konnt den Däitsche Marijan Griebel mat sengem Co-Pilot Tobias Braun (Skoda Fabia) déi séierst Zäit realiséieren, dat virum Lëtzebuerger Charles Munster an dem Belsch Tom Heindrichs. Fir de 35 Joer alen Däitsche Griebel war et déi insgesamt fënneft Victoire bei der Rallye Lëtzebuerg. Hien hat 50 Sekonnen Avance op de Charles Munster (Hyundai i20) an 1'08'' op de Belsch Tom Heindrichs (Toyota Yaris).
Och déi aner Lëtzebuerger Steve Fernandes a Ronny Foxius, déi sech op de Plaze 4 a 5 klasséiert hunn, konnten dem Marijan Griebel d'Victoire net streideg maachen.