E Sonndeg ass um Hungaroring zu Budapest an Ungarn déi fënneft vun aacht Manchen am Porsche Supercup gefuer ginn.

Déi éischt Hallschent vun der Porsche-Supercup-Saison huet de Larry Ten Voorde dominéiert an huet bei véier Coursse véier Victoirë gefeiert. An Ungarn ass et fir den Hollänner net esou gutt gelaf an et stoung een anere Pilot ganz uewen um Podium. An dat war den Harry King. De Britt vu Lechner Racing konnt sech iwwert eng souverän Start-Zil-Victoire freeën. Op déi zweet Plaz ass de Fransous Marvin Klein gefuer (+3,176 Sekonnen). Hie war vun der véierter Plaz an d'Course gaangen. De Kas Haverkort aus Holland huet de Podium komplettéiert (+4,237 Sekonnen).

Den Ten Voorde war nëmme vun der 11. Plaz aus gestart, dat nodeems him an der Qualifikatioun Ronnenzäite wéinst dem Verstouss géint d'Tracklimits oferkannt gi waren. Wären de 16 Ronnen e Sonndeg konnt sech den Hollänner no vir schaffen, ma um Enn ass en net iwwert déi siwent Plaz erauskomm.

Den Ten Voorde bleift Leader am WM-Klassement.

Déi nächst Woch geet et fir d'Pilote scho virun. Rendez-vous dann zu Spa-Francorchamps. Op RTL.lu kënnt Dir d'Course nees live kucken.