No der Rallye Polen virun 3 Wochen huet de Finn och d'Rallye Lettland fir sech entscheet. De Grégoire Munster gouf gudden 10.

Dem Kalle Rovanperä geléngt säin 3. Streech fir dës Saison. No der Rallye Kenia a Polen huet de Finn och d'Rallye Lettland gewonnen. De Rovanperä hat iwwer déi dräi Deeg a Lettland eng komfortabel Avance op den Zweetplacéierten. Well de Rovanperä vir ouni grouss Gefor gefuer ass, war et hannendrun e bësse méi spannend. E Freideg louch de Lett Martins Sesks nach op der zweeter Plaz, ab e Samschdeg war dës Plaz fir de Sébastien Ogier.

Den Ogier sollt och no 20 Speciallen am Kampf ëm Plaz 2 d'Nues vir hunn, woumat Toyota eng duebel Victoire realiséiere konnt. Déi 3. Plaz war fir den Ott Tänak op Hyundai. De Lëtzebuerger Grégoire Munster gouf op sengem Ford gudden 10., zwou Plazen hannert dem WM-Leader Thierry Neuville, dee sech als 8. klasséiert huet.

Am General läit den Thierry Neuville (136 Punkten) 15 Punkte virum Elfyn Evans, deen a Lettland 5. gouf, an 21 Punkte virum Ott Tänak. De Grégoire Munster ass hei den 11. mat insgesamt 20 Punkten.

Déi nächst Manche vun der Rallye-WM ass vum 31. Juli bis de 4. August a Finnland.