Dylan Pereira wënnt éischt Course vum Weekend zu Singapur

Dëse Weekend ginn am Kader vum Grouße Präis vu Singapur an der Formel 1 och d'Manchen 12 an 13 vum "Porsche Carrera Cup Asia" gefuer.
Mam Dylan Pereira, deen dës Saison fir "Team Shanghai Yonda BWT" fiert, geet hei och ee Lëtzebuerger un den Depart.
An der éischter Course vum Weekend ass den Dylan Pereira vun der Pole Positioun an Course gaangen a konnt déi Positioun déi ganz Course iwwer verdeedegen, fir no 11 Ronne viru sengem Konkurrent Mathys Jaubert iwwert de wäisse Stréch ze fueren. Domat huet den fréiere Champion vum "Porsche Supercup" Punkten am Generalklassement guttgemaach. Dat och op den aktuelle Leader vum Championnat Alessandro Ghiretti, deen an der éischter Course vum Weekend als 4. ukomm ass.
Et dierft awer net einfach ginn fir den Dylan Pereira, dës Saison de Championstitel am "Porsche Carrera Cup Asia" ze feieren. Do läit de Lëtzebuerger, Stand elo, nach op der 3t. Platz.
Déi zweeten Course gëtt e Sonndegmoie Lëtzebuerger Zäit gefuer.