No enger enker Course koum de Lëtzebuerger e Samschdeg op déi drëtt Plaz.

No der Defaite beim leschte Laf zu Most, wou de Lëtzebuerger fir di drëtte Kéier dës Saison duerch Friemverscholde vun der Pist gekickt gouf a vill Punkten agebéisst huet, war de Lëtzebuerger virun den Halleffinallen zu Oschersleben voll motivéiert. E gutt Resultat huet mussen agefuer ginn, zemools well et bei de Playoffs duebel Punkte gëtt.

Um Freiden an de fräien Trainingssëtzungen louch de Lëtzebuerger am FP1 mat 1:33.224 min op der zweeter Plaz an am FP2 war et di sechste Plaz. Um Samschden am 18 Minutte laange Qualifying gouf et eng spannend Affär fir de Lëtzebuerger, dee sech mat den Toppleit un der Spëtzt duelléiert huet a mat 1:32.382 min di drëtt Plaz hanner dem Patrick Schober an Thomas Toffel erausgefuer ass. De Leader vum Championnat Martin Doubek start vun der fënnefter Plaz.

Beim Start vun der éischter Course vum Weekend ass de Schober #3 vun der Streck gedréckt ginn, wouduerch de Linster irritéiert gouf a kuerz de Fouss vum Gaass geholl huet. Bei där Aktioun ass den Doubek laanscht de Lëtzebuerger gaangen, dee sech op der véierter Plaz rëmfonnt huet.

Den Toffel #34 krut eng 30-Sekonne-Strof, well hien de Schober vun der Streck gedréckt huet. No 7 Ronne koum de Safety-Car eraus, dat wéinst engem Accident hannen am Feld. Beim Re-start an der 11. Ronn huet de Krasonis #46 am beschte reagéiert an huet dem Lëtzebuerger seng 4. Plaz ofgeholl. Mee eng Ronn duerno huet de Lëtzebuerger seng 4. Plaz nees zréckgeholl. Déi zwee Piloten hu sech weiderhin duelléiert an dem Toyota Camry #50 seng Pneuen hu lues a lues nogelooss.

Um Enn gewënnt de Capelli #5 virum Doubek #7 an op der drëtter Plaz de Gil Linster. „Eng haart Course, ech hu musse vill attackéieren a mech gläichzäiteg verdeedegen, mee mer hu gutt Punkte gemaach“, sot en zefriddene Lëtzebuerger no der Coursse. Als Bonus ass och nach di zweetséiersten Zäit erauskomm, domat start de Linster e Sonndeg aus der éischter Rei nieft dem Schober.

Am Klassement ass den Doubek vir mat 380 Punkte virum Schober mat 323 Punkten an dem Linster mat 315 Punkten.