De Spuenier huet sech virum Maverick Vinales an dem Francesco Bagnaia duerchgesat.

Et war eng ganz spannend Course an der MotoGP mat ville Wiesselen op der 1. Plaz. Am Ufank war de Morbidelli 10 Ronnen un der Spëtzt. Den Italieener ass dono awer Plaz fir Plaz zréckgefall. De Marc Marquez, de Bagnaia an de Vinales hu sech an de leschte 7 Ronnen un der Spëtzt en Dräikampf geliwwert. De Marquez konnt awer dovunzéien an huet sech d'Victoire am Katar geséchert. De Vinales an de Bagnaia koumen op d'Plazen 2 an 3. De Morbidelli gouf dann um Enn dach nach de 4..

Am Moto 2 gouf et eng Victoire fir den Aron Canet. De Podium gouf vum Deniz Öncü an dem Manuel Gonzalez komplettéiert.

Den Angel Piqueras konnt d'Course an der Moto 3 fir sech entscheeden. Op d'Plazen 2 an 3 koumen den Taiyo Furusato an de Ryusei Yamanaka.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 M. Marquez Ducati Lenovo Team 41:29.186
2 M. Viñales Red Bull KTM Tech3 +1.800
3 F. Bagnaia Ducati Lenovo Team +4.535
4 F. Morbidelli Pertamina Enduro VR46 Racing Team +6.495
5 J. Zarco CASTROL Honda LCR +6.668

Moto2
1 A. Canet Fantic Racing LINO SONEGO 35'30.185
2 D. Öncü Ajo Motorsport +1.103 
3 M. Gonzalez Liqui Moly Dynavolt Intact GP +1.286 
4 D. Holgado CFMOTO Inde Aspar Team +4.021 
5 D. Moreira Italtrans Racing Team +5.892

Moto3

1 A. Piqueras FRINSA - MT Helmets - MSI 33:17.268 
2 T. Furusato Honda Team Asia +0.009
3 R. Yamanaka FRINSA - MT Helmets - MSI +0.042
4 J. Kelso LEVELUP-MTA +0.097
5 R. Rossi Rivacold Snipers Team +7.295

De General

MotoGP

1 M. Marquez 123
2 A. Marquez 105
3 F. Bagnaia 93
4 F. Morbidelli 75
5 F. Di Giannantonio 48

Moto2
1 Aron Canet 71
2 Manuel Gonzalez 61
3 Jake Dixon 59 
4 Daniel Holgado 36 
5 Marcos Ramirez 35

Moto3

1 A. Piqueras 67
2 J. Rueda 66
3 J. Kelso 41
4 A. Fernandez 40
5 18M. Bertelle 40