De Chris Leesch fiert mat senger Ekipp ob déi zweete Plaz an der Superstock Kategorie. Am General koum Dafy-Rac 41- Honda Ekipp op déi 10. Plaz.

D’Saison vun der Langstrecke-WM am Motorradssport gouf mat der 24-Stonnen-Course um Bugatti-Circuit agelaut. Déi ass ënner schwierege Konditioune gestart ginn. 1 Stonn virum Depart hat et ugefaangen mat Reenen. Doduerch ass et zu villen Chutten komm, net nëmmen an den Ufanksstonnen, ma am ganzen Verlaf vun der Course sinn ëmmer nees Piloten gefall. Dafy-Rac 41- Honda Ekipp ass awer vu gréisserem verschount bliwwen.

An de fréie Moiesstonnen huet et dunn de Lëtzebuerger awer och erwëscht. E gréissere Schued wéinst der Chute gouf et um Moto awer net.

Um Enn ass d’Ekipp Dafy-Rac 41- Honda ouni de Chris Leesch op en Enn gefuer. No 24 Stonne sinn de Kevin Manfredi (Italien), Takeshi Ishizuka (Japan) an den Diego Poncet (Frankräich) als 10. am General iwwert de wäisse Stréch gefuer an als zweetbeschten Ekipp an der Superstock Kategorie.

Déi nächste Course vun der EWC (Endurance World Championship) gëtt de Weekend vum 7. Juni um legendäre Circuit zu Spa-Francorchamps gefuer.