Marc Marquez-Show geet och och um Sachsenring weider

© AFP
Et ass dem Spuenier seng 7. Victoire an der 11. Course. Mat um Podium stinn nach säi Brudder Alex Marquez an de Francesco Bagnaia.
Um Sachsenring a Däitschland hunn d'Gebridder Marquez dominéiert. Et sinn immens vill Fuerer gefall, sou dass iwwerhaapt just 10 Fuerer an d'Zil komm sinn.
De Marc Marquez huet de Start fir sech entscheet. Hannendrun hu sech de Marco Bezzecchi a Fabio Di Giannantonio klasséiert. Um Enn vun der zweeter Ronn konnt den Di Giannantonio sech op déi zweete Plaz no vir schaffen. Hannert den Top 3 hu sech den Alex Marquez an de Francesco Bagnaia placéiert.
Un der Spëtzt huet de Marc Marquez säi Virsprong ëmmer weider konnten ausbauen. Hannert dem Spuenier huet de Fabio Di Giannantonio an der 18. Ronn d'Kontroll iwwert säi Motto verluer an ass gefall. Kuerz dorop ass och de Marco Bezzecchi gefall. Bannen 2 Ronnen domat den Out fir de zweeten an drëtten aus der Course.
An enger Course, bei däer immens vill Fuerer gefall huet sech um Enn de Marc Marquez souverän mat iwwer 6 Sekonne Virsprong viru sengem Brudder Alex Marquez duerchsetzen. Déi drëtte Plaz ass fir de Francesco Bagnaia. Fir de Marc Marquez ass et déi éischte Victoire no 2021 um Sachsenring. Am General leit de Marc Marquez mat 344 Punkten 83 viru sengem Brudder.
An der Moto2 gëtt et eng Victoire fir den Tierk Deniz Öncü virum Barry Baltus. Béid Fuerer hu sech vun Ufank un vum Rescht vum Feld ofgesat. Op der drëtter Plaz klasséiert sech de Jake Dixon. D'Course ass no 21 vu 25 Ronne virzäiteg ënnerbrach ginn, dat duerch eng mei hefteg Kollisioun tëscht dem Ramirez an dem Arena. Well zu dësem Zäitpunkt 2/3 vun der Renndistanz gefuer waren. Am General ass de Manuel González mat 172 Punkten un der Spëtzt.
26 Ronne goufen an der Moto3 um Sachsenring gefuer. An d'Entscheedung em d'Victoire ass an der leschter Kéier gefall. Deen bis dato zweeten an der Course, David Munoz, konnt de Jose Antonio Rueda nach iwwerhuelen a sech d'Victoire sécheren. De WM-Leader Rueda huet och nach missen de Maximo Quiles laanscht zéie loossen a steet um Enn op der drëtter Plaz um Podium. Am General bleift de Spuenier weider souverän un der Spëtzt, dat mat 73 Punkte virum Ángel Piqueras.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1. Marc Marquez (Ducati Lenovo Team) 40:42.85
2. Alex Marquez (BK8 Gresini Racing MotoGP) +6.380
3. Francesco Bagnaia (Ducati Lenovo Team) +7.080
Moto2
1. Deniz Öncü (Red Bull KTM Ajo) 28:02.843
2. Barry Baltus (Fantic Racing Lino Sonego) +0.129
3. Jake Dixon (ELF Marc VDS Racing Team) +1.131
Moto3
1. David Munoz (LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP) 33:27.081
2. Maximo Quiles (CFMOTO Gaviota Aspar Team) + 0.241
3. Jose Antonio Rueda (Red Bull KTM Ajo) + 0.250
De General
MotoGP
1. Marc Marquez (Ducati Lenovo Team) 344 2. Alex Marquez (BK8 Gresini Racing MotoGP) 261
3. Francesco Bagnaia (Ducati Lenovo Team) 197
Moto2
1. Manuel González (LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP) 172
2. Arón Canet (Fantic Racing Lino Sonego) 163
3. Diogo Moreira (Italtrans Racing Team) 128
Moto3
1. Jose Antonio Rueda (Red Bull KTM Ajo) 203
2. Ángel Piqueras (FRINSA - MT Helmets - MSI) 130
3. Álvaro Carpe (Red Bull KTM Ajo) 129