Et handelt sech em e Virfall aus der Course vun Holland zu Zandvoort, tëscht dem Carlos Sainz an dem Liam Lawson.

An der Formel 1 gouf d’Kollisioun tëscht dem Carlos Sainz op Williams an dem Liam Lawson op Racing Bulls beim Grousse Präis vun Holland zu Zandvoort, no engem Appel vu Williams, nodréiglech vun de Sportskommissären, als Courseincident zeréckgestuuft. Während der Course war de Sainz nach Responsabel fir den Accrochage gemaach ginn, hat eng 10 Sekonnestrof krit, an och zwee Strofpunkten. Elo kritt de Williams-Pilot seng zwee Strofpunkten op senger Superlizenz erëm ewechgeholl. Un der 10-Sekonne-Strof, déi den 31 Joer ale Spuenier wärend der Course schonn ofgesiess hat, hunn d’Sportskommissären awer elo näischt méi kënnen änneren, esou, datt d’Schlussresultat wéi et do ass, bestoe bleift. De Sainz bleift den 13. an de Lawson den 12.
 
Williams hat d’Recht gefrot, an akkordéiert kritt, datt den Incident vun hirem Pilot, mat neiem Videomaterial, nach emol ënnert d’Lupp geholl soll ginn. D’Sportskommissären hunn also festgehalen, datt d’Decisioun déi si wärend der Course geholl hunn, net richteg war, an opzehiewen ass.