Den Hollänner huet den George Russell an de Carlos Sainz hannert sech gelooss. Fir de WM-Leader Oscar Piastri war et e Weekend fir ze vergiessen.

De Max Verstappen feiert seng éischt Victoire zënter 2022 an Aserbaidjan. Déi 25 Punkte waren ni a Gefor, well de Red Bull en ze groussen Avantage bei der Vitess hat. Well den Oscar Piastri keng Punkte krut, bleift d'Entscheedung an der Weltmeeschterschaft weiderhin oppen. Den Hollänner hat eng komfortabel Avance op den George Russell. De Carlos Sainz konnt säi gutt Resultat aus der Qualifikatioun confirméieren an duerft sech iwwer déi drëtt Plaz freeën. De Kimi Antonelli ass eng staark Course gefuer a koum am zweete Mercedes op Plaz 4. De Liam Lawson huet am Racing Bull gewisen, dass och och déi zweet Ecurie aus dem Red-Bull-Stall an d'Punkte fuere kann. McLaren krut mam Lando Norris just 5 Punkten op dësem Weekend. Hannendru koumen déi zwee Ferrarien an den Isaack Hadjar.
 
Resumé

Beim Start gouf et keng Beréierungen oder Accidenter. Den Oscar Piastri hat awer e Feelstart higeluecht a gouf vun der 9. Plaz op déi lescht duerchgereecht. An der 5. Kéier huet de McLaren-Pilot säin Auto net duerch d'Schikan kritt a krut d'Mauer ze paken. Domat krut de Piastri eng éischt Kéier zënter Austin 2023 keng Punkten. Den Australier war op engem gudde Wee, fir dem Lewis Hamilton de Rekord vun 48 Courssen um Stéck an de Punkten streideg ze maachen. Hie blouf awer bei 42 stoen.

De Fernando Alonso gouf beim Piastri sengem Fréistart vum Australier irritéiert an huet och ze fréi op de Gas gedréckt, krut trotzdeem eng 5-Sekonne-Strof opgedrummt. De Spuenier huet dës bei engem Boxestopp mussen ofsetzen, woumat eng besser Placéierung an der Course aussiichtslos war.

Op den éischte Plazen huet sech laang näischt gedoen, mee vun hanne hu sech d'Ferrari-Pilote Leclerc an Hamilton ëmmer méi no vir geschafft. Si waren no engem enttäuschende Qualifying vun de Positiounen 10 an 12 an d'Course gaangen a louchen an der Mëtt vum Rennen an den Topp 7, mee duerch hire Boxestopps koume si net iwwer d'Plazen 8 an 9 eraus.

De Max Verstappen ass vir säin Tempo gefuer an huet sech zu kengem Moment Suergen ëm seng Féierung maache mussen. Den Hollänner konnt sech fréi iwwer seng éischt Victoire zu Baku zënter 2022 freeën. Säin Teamkolleeg Yuki Tsunoda konnt seng staark Performance aus der Qualifikatioun confirméieren, koum awer awer net laanscht de Liam Lawson, vun deem hien de Cockpit bei Red Bull ab der drëtter Course iwwerholl hat.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AZERBAIJAN GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025