No senger 2. Plaz e Freideg am Training ass e Samschdeg am Qualifying zu Budapest déi 6. Plaz fir den Dylan Pereira erausgesprongen.
Aus der éischter Rei starten e Sonndeg de Mëtteg um 13.15 Auer den Tio Ellinas an de Julien Andlauer.
De Lëtzebuerger hat de leschte Weekend um Hockenheimring an Däitschland seng éischte Victoire am Porsche Supercup gefeiert. Bei chaotesche Konditiounen hat de Lëtzebuerger déi gekierzte Course gewonnen.
RTL-Artikel: Dylan Pereira wënnt gekierzte Course um HockenheimringAm Generalklassement ass den Dylan Pereira aktuell deen 12.. De Julien Andlauer steet un der Spëtzt.