Porsche SupercupDen Dylan Pereira séchert sech d’Pole zu Spa-Francorchamps

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger start d’Course e Sonndeg virum Laurin Heinrich an dem Marvin Klein op de Plazen 2 an 3.

Am Porsche Supercup gëtt de Weekend um Circuit vu Spa-Francorchamps an der Belsch déi 6. Course vun der Saison gefuer. E Samschdeg am Qualifying konnt den Dylan Pereira sech op sengem Liblingscircuit d’Pole Position sécheren, dat mat enger Ronnenzäit vun 2:20.471. Nieft him start den Däitschen Laurin Heinrich (2:20.835), wärend de Marvin Klein (2:20.885) an de Larry ten Voorde (2:20.937) aus der zweeter Rei fortfueren.

E Sonndeg kënnt Dir vun 11.55 Auer un um RTL ZWEE an op RTL.lu live bei der 6. Course vum Porsche Supercup dobäi sinn.

Den Dylan Pereira läit no 5 gefuerene Coursse am General a Féierung. Hien huet eng Avance vu 4 Punkten op de Laurin Heinrich a vun 10 Punkten op de Larry ten Voorde.

Back to Top
CIM LOGO