Porsche Supercup zu MonzaDen Dylan Pereira start vun der 3. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Vun der Pole fiert de Marvin Klein fort, dat virum Bastian Buus.
© ATP

De Weekend gëtt am Porsche Supercup zu Monza déi 8. an domat leschte Course vun der Saison 2022 gefuer. Am Qualifying e Samschdeg ass et fir den Dylan Pereira mat enger Ronnenzäit vun 1:49.151 déi drëtt Plaz ginn. Seng zwee gréisst Konkurrenten am Generalklassement, de Larry ten Voorde an de Laurin Heinrich, starte vun de Positiounen 5 a 7.

Den Harry King war eigentlech déi séiersten Zäit gefuer (1:48.753), wéinst engem Accrochage bei der leschter Course zu Zandvoort gëtt hien awer dräi Plazen no hanne verréckelt. D’Pole ass domat fir de Marvin Klein (1:48.845), dat virum jonke Bastian Buus (1:48.870).

Am Generalklassement huet den Dylan Pereira no 7 vun 8 Courssen 137 Punkten, 18 méi wéi den Titelverdeedeger Larry ten Voorde aus Holland an 20 méi wéi den Däitsche Laurin Heinrich. Dem Pilot aus der Elite-Sport-Sektioun vun der Arméi gi 7 Punkten, also eng 9. Plaz bei der Finall vun der Saison duer, fir d’Competitioun fir sech ze entscheeden.

Déi lescht an decisiv Course kënnt Dir e Sonndeg vun 11.45 Auer u live um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play kucken.

Back to Top
CIM LOGO