
Den 23 Joer alen aktuelle Williams-Pilot iwwerhëlt domat de Cockpit vum Valtteri Bottas. Deemno fueren d’nächst Saison mam George Russell a mam Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton zwee Piloten aus Groussbritannien bei Mercedes.
Alfa Romeo hat e Méindeg matgedeelt, datt de Finn Valtteri Bottas Successeur vum anere Finn Kimi Raikkönen gëtt. Alpha Tauri huet seng Pilotekoppel Pierre Gasly aus Frankräich a Yuki Tsunoda aus Japan en Dënschdeg de Moie confirméiert.