F1-Kalenner 2025D'nächst Joer erëm 6 Sprint-Weekender

Serge Pauly
D'Formel 1 huet elo schonn de Sprint-Kalenner fir d'nächst Joer presentéiert. Et bleift bei sechs Sprint-Weekender. Spa ass erëm dobäi!
© F1

D’F1-Saison 2025 hëlt lues awer sécher Form un. Nodeems de generelle Kalenner fir d’nächst Saison schonn am Abrëll verëffentlecht gouf, huet d’Formel 1 elo och d’Sprint-Destinatiounen 2025 bekannt ginn.

Et bleift bei 6 Sprint-Weekender. D’Iddi fir d’Zuel vun de Sprint ze erhéijen, schéngt also op d’mannst fir d’nächst Joer vum Dësch ze sinn.

Och d’Lëscht vun de Sprint-Destinatiounen änelt ganz staark där vun dëser Saison. Gesprint gëtt zu Shanghai, Miami, Spa-Francorchamps, Austin, São Paulo a Lusail. Den eenzege Changement ass deemno, dass Éisträich/Spielberg kee Sprint méi organiséiert, a Spa-Francorchamps dës Plaz iwwerhëlt. Schonn 2023 gouf beim Grousse Präis vun der Belsch ee Sprint gefuer.

Back to Top
CIM LOGO