D'Formel 1 huet de Kalenner fir d'Saison 2025 presentéiert

© DPPI / DPPI / DPPI via AFP
E Freideg der Mëttesstonn huet d'Formel 1 de Kalenner fir d'Saison 2025 bekannt ginn. Wéi schonn dëst Joer stinn nees 24 Coursen um Programm.
Grouss Changementer ginn et also net. D'Saison wäert op deene selwechten Circuite gefuer ginn wéi dëst Joer. De Kalenner gouf just op e puer Platzen ëmgebaut, fir méi nohalteg ze ginn.
Déi gréissten Nouvelle ass, dass de Startschoss net wéi dës Saison am Bahrain fält, mä den 16. Mäerz 2025 an Australien. Et ass déi éischte Kéier zanter 2019, dass den Opener vun der Saison nees Down Under ass.
Duerno geet et Richtung China, éier dann no enger Woch Paus eng logistesch Erausfuerderung op d'Ecurië waart. Mat Japan, Bahrain a Saudi-Arabien steet deen éischten vun am Ganzen 3 sougenannten "Triple Header" op der Agenda.
Déi lescht Course vun der Saison gëtt wéi gewinnt an Abu Dhabi gefuer.
Wéi vill Sprintweekender um Programm stinn ass bis dato nach net gewosst. Och net wou Tester virun der Saison gefuer ginn.
Dir kënnt d'Formel-1-Saison 2025 nees komplett op RTL suivéieren.