Den Dylan Pereira ass an der Qualifikatioun op déi 5. Plaz gefuer. Säi Konkurrent am Generalklassement, den Hollänner Larry ten Voorde, deen als Zweeten nëmme 4 Punkten hannert dem Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer läit, konnt sech d’Pole sécheren. Dem Dylan Pereira säin Teamkolleeg, den Jaxon Evans, gouf deen Zweete virum Fransous Florian Latorre.
D’Course vum Porsche Supercup kënnt Dir e Sonndeg de Mëtteg vun 12.20 Auer u live op RTL ZWEE an am Livestream op RTL.lu suivéieren.