
Den Dylan Pereira fiert dëse Weekend jo nieft der 24-Course zu Zolder och nach an der GT World Challenge Endurance um Nürburgring. En Donneschdeg hat en awer en éischte wichtege Rendez-vous zu Zolder, dat nämlech beim Qualifying fir d'24-Stonne-Course, déi e Samschdeg de Mëtteg um 16 Auer gestart gëtt.
Dem Dylan Pereira ass et gelongen, seng Pneuen optimal ze preparéieren, fir dass se bei der séierer Ronn perfekt funktionéieren. Dobäi koum e feelerfräien Tour vum Lëtzebuerger. Um Enn konnt hien de Porsche 992 GT3 Cup vum Team Ajith - RedAnt Racing an 1:29,733 Minutten iwwert de Circuit beweegen, wat gläichbedeitend war mat der Poleposition.
Plazen 2 an 3 waren iwwert eng hallef Sekonn méi lues wéi d'Beschtzäit vum Dylan Pereira. Deemno steet den Auto mat der Startnummer 1 och op der Poleposition e Samschdeg de Mëtteg.
Fir den Dylan waarden um Freideg iwwerdeems Aufgaben um Nürburgring, wou Testfaarten, grad ewéi de Briefing vun der GTWC ustinn.
De komplette Programm vum Dylan Pereira fir dëse Weekend fannt Dir an dësem Artikel: