
Den Dylan Pereira ka sech aktuell net iwwer ze wéineg Competitioune beschwéieren. Nodeems hie rezent jo schonn op engem Weekend den Challenge ugaangen ass, nieft der NLS-Course um Nürburgring och bei der GT World Challenge zu Magny Cours a Frankräich ze starten, sou steet elo dëse Weekend nees en "Double header" um Programm.
Hien ass nees um Nürburgring am Asaz, déi Kéier awer op der Grand-Prix-Streck, dat am Kader vun der GT World Challenge Endurance. Hei fiert hien um Audi R8 LMS GT3 EVO II mat der Startnummer #99 vun Tresor Attempto Racing. Hien deelt sech den Auto mat den Italiener Andrea Frassineti an Alex Aka. Aktuell steet de Lorenzo Ferrari nach op der Entry List, ma hien dierft awer vum däitschen Alex Aka ersat ginn.

Am Endurance Cup war d'Team dacks mat gudden Zäite mat vir bäi, konnt awer net bis iwwer d'Zillinn fueren. Dat soll sech dann dëse Weekend änneren. Et wëll een am Gold-Cup ëm d'Podiumsplaze fueren an allgemeng déi 3 Stonne Course gutt iwwert d'Bün bréngen an an d'Zil kommen.
Parallel fiert hien awer och d'24-Stonne-Course zu Zolder an der Belsch, eng Course déi hien zejoert gewanne konnt. An den Asaz kënnt hei e Porsche 992 GT3 Cup vum Team Ajith - RedAnt Racing. Nieft dem Lëtzebuerger fueren op deem Auto nach: Ayrton Redant / Kobe De Breucker / Milan Marczak / Yannick Redant. Eenzeg neie Pilot an deem LineUp, am Verglach mam leschte Joer ass de Milan Marczak. Dem Dylan Pereira senger Meenung no wier een elo nach besser opgestallt wéi 2025, wou ee wéi gesot d'24-Stonne-Course gewanne konnt. Deementspriechend hu si och d'Startnummer 1 um Auto. D'Zil wier kloer d'Titelverdeedegung, esou de Lëtzebuerger weider.

E Mëttwoch de Moien ass den Dylan Pereira schonn op Zolder gefuer, dat fir d'Fuerer-Parad (15:30 bis 19 Auer) a fir de Briefing fir d'Piloten.
En Donneschdeg geet et da weider mat Testfaarten de ganzen Dag, plus Qualifying an "Night-Practice". Den Dylan iwwernuecht dann zu Zolder, fir fit ze sinn, fir Freides moies dann direkt op den Nürburgring ze fueren, wou dann Testfaarte mam Audi R8 LMS usti vun 11:45 bis 13:45 Auer an owes de Briefing fir d'Pilote vun der GTWC.
Samschdes moies fiert en dann de Fräien Training an der GT World Challenge (10:50 bis 12:20 Auer an 16:15 bis 17:45 Auer), éier et nees heescht Richtung Zolder an der Belsch ze fueren, fir de Start vun der 24-Stonne-Course, deen um 16 Auer ass. Den Ufank vun der Course riskéiert hien ze verpassen. De Recht vum Samschdeg ass hien dann zu Zolder am Asaz, dat och iwwert d'Nuecht.

Sonndes moies heescht et dann zeréck op den Nürburgring ze fueren, well en do muss de Qualifying an der GT World Challenge fueren (9:45 bis 10:55 Auer), éier da mëttes do d'Course gefuer gëtt vu 15 bis 18 Auer, deemno 3 Stonnen.
Ob hien tëscht dem Qualifying an der Course um Nürburgring nach emol muss zeréck op Zolder fueren, muss nach mam Team ofgekläert ginn. Dat ass allerdéngs éischter onwarscheinlech, sou den Dylan Pereira RTL géintiwwer. Et hänkt dovun of wéi ee deen Ament zu Zolder klasséiert ass, an ob et zäitlech iwwerhaapt realistesch wier.

Mëttwoch: Op Zolder fir d'Parad a Briefing
Donneschdeg: Testfaarten, Qualifying an Nuets-Training zu Zolder
Freideg: Moies op den Nürburgring, fir Testfaarten + Briefing vun der GTWC
Samschdeg: Fräien Training GTWC, duerno op Zolder fir u 24h-Course deelzehuelen
Sonndeg: Moies zeréck op den Nürburgring fir Qualifying a Course. Eventuell dotëscht nach emol op Zolder, ma éischter onwarscheinlech.
Den Timing vun der GT World Challenge um Nürburgring
Den Timing vun der 24-Stonne-Course zu Zolder
Op d'Fro, ob den Dylan Pereira léiwer um Nürburgring oder léiwer zu Zolder fiert, konnt hie keng eendeiteg Äntwert ginn. Hien huet gutt Erënnerungen u béid Circuiten, sief et am Porsche Carrera Cup Däitschland oder awer och ebe bei der 24-Stonne-Course zejoert. Zolder geet extrem un d'Material vum Auto, deemno ass et hei wichteg schounend mam Auto ëmzegoen, fir dass ee wärend der 24-Stonne-Course net mat Problemer ze kämpfen huet, wat d'Fiabilitéit ugeet. E freet sech op alle Fall op béid Circuiten, mat um Enn hoffentlech enger Titelverdeedegung zu Zolder an enger Podiumsplaz am Gold-Cup um Nürburgring.