Porsche SupercupDylan Pereira gewënnt zu Spielberg an ass neie Leader am General

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger setzt sech virum Laurin Heinrich an dem Bastian Buus duerch. De Larry ten Voorde kritt no senger Sortie keng Punkten am Klassement.

Den Dylan Pereira war vun der Pole Position an d’Course gaangen a konnt seng Plaz um Start verdeedegen. Säin Teamkolleeg Harry King, deen nieft him un den Depart goung, hat net esou e gudde Start an ass an der éischter Ronn bis op déi fënneft Positioun zeréckgefall. De Larry ten Voorde hat sech op déi zweet Plaz no vir geschafft. De Lëtzebuerger huet d’Course uschléissend souverän guidéiert an ass och déi séierst Zäit gefuer.

An der zwielefter Ronn koum de Safety Car eraus an huet d’Feld nees méi no zesumme bruecht. Nom Restart gouf de Larry ten Voorde, den aktuelle Leader am Klassement, op der zweeter Plaz leiend ofgeschoss an hat soumat keng Chance méi an d’Punkten ze fueren.

No 18 Tier fiert den Dylan Pereira als Éischten iwwert d’Ligne d’arrivée, virum Laurin Heinrich a sengem zweeten Teamkolleeg Bastian Buus. Fir de Lëtzebuerger war et seng zweet Pole Position an och seng zweet Victoire an dëser Saison. Domat iwwerhëlt hien d’Féierung am Klassement, well de Larry ten Voorde an der Course keng Punkte krut.

Den éisträicheschen F1-Circuit läit dem Dylan Pereira. Hien huet hei net nëmme säin éischte Podium am Porsche Supercup realiséiert, mä 2020 huet hien esouguer am ganze véier Courssen hei gewonnen (dräi am däitsche Carrera Cup an eng am Supercup).

Back to Top
CIM LOGO