Am Porsche Supercup gëtt de Weekend zu Spielberg an Éisträich déi 4. Course vun der Saison gefuer. E Samschdeg am Qualifying huet den Dylan Pereira op en Neits bewisen, datt him de Circuit vum Red Bull Ring richteg gutt läit. De Lëtzebuerger ass nämlech déi séiersten Zäit (Bescht Ronn: 1:30.286) gefuer a start domadder e Sonndeg vun der 1. Plaz. Nieft him steet säin Team-Kolleeg vu Lechner Racing Harry King (1:30.357). Aus der zweeter Rei fueren de Larry ten Voorde (1:30.375) an de Laurin Heinrich (1:30.588) fort.
Vun 11.45 Auer u kënnt Dir e Sonndeg um RTL ZWEE an op RTL.lu live bei der 4. Course am Porsche Supercup mat dobäi sinn.
No dräi Coursse läit de Pereira am Generalklassement op der drëtter Plaz. Hien huet e Réckstand vun 12 Punkten op de Leader ten Voorde an der 3 op den Heinrich op der 2.