De Lëtzebuerger Automobilist vum Lechner Racing Team, Dylan Pereira, huet e Samschdeg kee gudden Dag erwëscht an et knapps net ënnert déi éischt 10 gepackt. Um Norisring an Däitschland ass et um Enn fir den Dylan Perreira déi 11. Plaz.
Um Sonndeg huet de Lëtzebuerger an der 2. Course vum Weekend, d’Chance et besser ze maachen.