Porsche SupercupDylan Pereira start als 9. bei der éischter Course zu Monza

RTL Lëtzebuerg
De Weekend mécht de Porsche Supercup Statioun zu Monza.
Den Dylan Pereira am Asaz zu Zandvoort.
Den Dylan Pereira am Asaz zu Zandvoort.
© ATP / Arthur Thill (Archiv)

Direkt zwou Courssen, déi lescht vun der Saison, stinn hei um Programm. E Samschdeg de Moie goufe de Qualifying gefuer an do konnt sech den Ayhancan Guven mat enger Zäit 1:49.025 d’Pole Position sécheren. Fir de Lëtzebuerger Dylan Pereira ass et déi 9. Plaz mat 1:49.530.

Well e Samschdeg an e Sonndeg Coursse gefuer ginn, gëtt et och just e Qualifying. Fir d’Startopstellung zielt um Samschdeg d’Beschtzäit an fir e Sonndeg déi zweet Beschtzäit.

E Samschdeg um 18.20 Auer gëtt dann zu Monza déi éischt Course vum Weekend gefuer. E Sonndeg um 12.25 Auer ass et dann deen zweete Rendez-vous. Dat Ganzt kënnt Dir live op RTL ZWEE, am Stream op RTL.lu an um RTL Play live suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO