Porsche SupercupDylan Pereira vu Pole Position op Plaz 4 strofversat

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger war zu Zandvoort déi séiersten Zäit gefuer, hat awer kuerz viru Schluss en Accrochage a gouf 3 Plaze strofversat. Hie start vu Plaz 4.

Am Qualifying fir déi zweetlescht Course vun der Saison 2022 ass den Dylan Pereira déi séiersten Zäit (1'36''862''') gefuer. Op Positioun Zwee kënnt de Marvin Klein mat engem Réckstand vun 0,038 Sekonnen an den Harry King fiert déi drëttséierst Zäit (+ 0,185'’).
No engem kuriéisen Accrochage kuerz viru Schluss mam Italieener Simone Iaquinta krut den Dylan Pereira nodréiglech eng Strof. Am Laf vum Samschdegmëtteg gouf um gréngen Dësch zu Zandvoort decidéiert, dass de Lëtzebuerger Sportzaldot dräi Plazen no hanne versat gëtt an domat vu Plaz 4 an d’Course geet. Virun him stinn de Marvin Klein, den Harry King an de Jaap van Lagen.

Trotz der Strof bleift den Dylan Pereira, deen d’Championnat zwou Coursse viru Schluss uféiert, viru senge grousse Konkurrente Laurin Heinrich a Larry ten Voorde. Si starten als 10. respektiv 6..

Virun der Course e Sonndeg huet de Lëtzebuerger am Generalklassement eng Avance vun 12 Punkten op den Heinrich a 15 Punkten op den ten Voorde.

D’Course kënnt Dir um Sonndeg vun 12.00 Auer un um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO