Formel 1: Grousse Präis vu SpaEng weider dominant Victoire fir de Lewis Hamilton

RTL Lëtzebuerg
Op déi 2. Plaz fiert de Vallteri Bottas an dat virum Max Verstappen. Ferrari enttäuscht op e neits.
© AFP

Vum Start ewech huet de Lewis Hamilton op Mercedes seng 1. Plaz virum Bottas a Verstappen konnte verdeedegen. An der 12. Ronn koum et dunn zu enger Schrecksekonn, wou sech de Giovinazzi an de Russel géigesäiteg aus der Course geholl hunn. De Safety-Car huet missen eraus kommen. Béid Fuerer ass awer näischt geschitt.

Den aktuelle Weltmeeschter Lewis Hamilton huet Cours déi ganzen Zäit kontrolléiert an ass tëschenzäitlech eng schnellste Ronn no där anerer gefuer. Am Mëttelfeld iwwerdeems hunn sech béid Ferrari Vettel a Leclerc ganz schwéier gedoen a sinn och net ënnert déi éischten 10 gefuer. De däitsche gëtt den 13. an de Fransous de 14. E weidere ganz battere Weekend fir d’Scuderia.

Un der Spëtzt ass de Bottas wéi och de Verstappen net méi un den Hamilton drun komm, sou dass de Britt seng 89 Victoire a senger Karriär konnt feieren. Domat feelen dem Hamilton nëmmen nach 2 Victoiren fir mam Michael Schumacher gläichzezéien.

RTL-Artikel: Formel 1: Qualifying zu Spa: Hamilton séchert sech seng 6. Pole zu Spa

Back to Top
CIM LOGO