Et ass nach net sécher, ënner wéi engen Ëmstänn de Grand-Prix kann organiséiert ginn, esou d'Organisateuren dëse Mëttwoch. Weider heescht et an engem Schreiwes vun der Formel 1, datt ënnert den aktuell Ëmstänn d'Sécherheet vun de Piloten, Equipagen a Fans net garantéiert wier.
Nieft der Formel 1 selwer sinn och all déi aner Courssen, déi dëse Weekend am Kader vun der Kinneksklass zu Imola sollte gefuer ginn, och annuléiert.