MotoGPFranco Morbidelli feiert seng 1. Victoire

RTL Lëtzebuerg
Eng weider Premiere feiert den zweete vum Dag, de Francesco Bagnaia. Hien stoung nach ni a senger Karriär um Podium an der MotoGP.
Franco Morbidelli
Franco Morbidelli
© AFP

Nieft dem Gewënner Morbidelli an dem Italiener Francesco Bagnaia klasséiert sech de Spuenier Joan Mir op déi 3. Plaz. De Valentino Rossi fiert op déi onglécklech 4. Plaz. De Yamaha Pilot verpasst domat säin 200 Podium a senger Karriär.

De WM Leader Fabio Quartararo huet fir éischt de Maverick Viñales iwwerholl an ass em de Kampf em déi 3te Plaz awer dunn ze vill Risiko gaangen, an ass gefall. Domat verléiert hien um Sonndeg och seng 1. Plaz am Generalklassement.

Back to Top
CIM LOGO