Am Automobilsport stoungen de leschte Weekend (17. / 18. Oktober) zu Zolder déi zwou lescht Coursse vun der Nascar Euro Series um Programm. Gutt Chancen op eng Podiumsplaz hat de Gil Linster op sengem Ford Mustang, well hie bis heihin 8 Mol an den Topp 5 war an eemol 6. an eemol 7.. Zu Valencia an zu Brands Hatch gouf hien an enger Course all Kéier deen Zweeten. Um Enn sollt et awer net duergoe fir eng Topp-3-Plaz an dësem Championnat.
Dës Saison huet de Gil Linster säin Zil, fir d'Nascar Euro Series ze gewannen, verpasst, ma d'nächst Saison wëll hien nees ugräifen a sech säin Dram erfëllen.
"Ech hat dëst Joer d'Zil, déi Serie ze gewannen. Ech ginn och d'nächst Joer genau mat deene 16 Ambitiounen erëm an déi Saison. Ech wëll déi Meeschterschaft gewannen. Ech wëll an Europa Nascar-Meeschter ginn. Natierlech notzen ech dat vill och fir mat an Amerika."
D'lescht Joer ass de Gil Linster zu Daytona viru wäit méi wéi 100.000 Spectateuren un där legendärer Course un den Depart gaangen an huet e ganzt gutt Klassement realiséiert. De Lëtzebuerger ass de 7. ginn, wat nach kengem Europäer virdru gelonge war. D'nächst Joer fiert de Gil Linster nach emol dës Course op dem 2,5 Meile laangen an ovale Circuit.
"Natierlech misst ech dohinner goen, fir déi siwent Plaz elo ze schloen. Op där anerer Säit weess ech, dass ech dat beschte Resultat hunn, wat jee een Europäer zu Daytona hat. An duerfir ginn ech dohinner, fir mech ze weisen, fir ze weisen, dass ech nach do sinn an eben och an deem amerikaneschen Nascar-Ëmfeld einfach mäin Numm oprechtzeerhalen."