
Um zweeten Dag vun der Rallye Kroatien ronderëm d’Stad Brdo ass de Grégoire Munster ganz gutt klasséiert. De Lëtzebuerger beleet no 16 Speciallen déi 8. Plaz an huet knapp 5 Minutte Retard op de Leader, de Belsch Thierry Neuville.
Den Neuville hat säi Hyundai um Samschdeg gutt am Grëff a konnt seng kleng Avance op de Verfollger Elfyn Evans op Toyota liicht ausbauen. Virum leschten Dag huet den Neuville 5 Sekonne Virsprong op de Waliser a just 11,6 Sekonne Virsprong op de Sébastien Ogier am zweeten Toyota. Véierten ass den Eest Ott Tänak op 1 Minutt 15 Sekonnen.
E Sonndeg stinn nach véier Speciallen um Programm.