ComebackGréng Luucht fir de Marc Marquez

RTL Lëtzebuerg
De sechsfache MotoGP-Weltmeeschter Marc Marquez däerf no enger laang Paus wéinst enger Blessur nees zeréck op de Circuit.
© AFP (Archiv)

Den 28 Joer ale Spuenier huet e Samschdeg de Moien iwwer Twitter matgedeelt, datt hie säi Comeback bei der drëtter Course vun der Saison a Portugal den nächste Weekend wäert ginn.

“Gëschter [Freideg] war ech bei den Dokteren, si hu mir gréng Luucht fir de Retour ginn. Et ware schwéier néng Méint, mat Momenter vun Ongewëssheet an Héichten an Déiften. Elo wäert ech meng Leidenschaft nees genéisse kënnen! Mir gesinn eis déi nächst Woch zu Portimao”, sou de Marc Marquez.

De Marc Marquez huet e laange Leidenswee hannert sech, dee Mëtt Juli mat engem Highsider beim MotoGP-Saisonoptakt 2020 zu Jerez ugefaangen hat. De Spuenier huet sech bei der Chute de rietsen Aarm gebrach. No enger Operatioun e puer Deeg duerno ass hien no nëmmen enger Woch nom Crash nees bei enger Course gestart. De Comeback ass gescheitert. Den Heelungsprozess ass duerno nëmme lues verlaf, sou datt am Hierscht eng drëtt OP néideg war. Elo ass de Spuenier dann nees fit a ka säi Comeback ginn.

D’Course zu Portimao den 18. Abrëll kënnt Dir live op RTL Today an op RTL Play suivéieren. RTL huet sech d’Rechter geséchert, fir d’MotoGP, d’Moto2 an d’Moto3 déi nächst dräi Saisonen ze diffuséieren.

Back to Top
CIM LOGO