
Dat mellt op alle Fall de franséische Magasinn “Auto Hebdo”. Den Hülkenberg ass a sengem drëtte Joer bei der franséischer Ecurie, do virdru war hie schonns bei Williams, Force India a Sauber. Zanter 2010 ass den 32 Joer alen Däitsche ganzer 168 Courssen an der Formel 1 gefuer, um Podium stoung hien allerdéngs ni.
Aktuell ass den Ocon Testpilot bei Mercedes, hie géing awer fir ee Cockpit bei Renault fräigestallt ginn.