
De Peter Bonnington gehéiert warscheinlech zu de bekanntste Renningenieuren an der Formel 1. Hien ass déi roueg Stëmm am Lewis Hamilton sengem Ouer. Hien ass deen Ingenieur um Mercedes-Kommandostand, dee permanent mam Hamilton kommunizéiert, an hien duerch d’Course guidéiert. Zënter dass den Hamilton 2013 bei Mercedes gewiesselt ass, ass de “Bono” säi feste Renningenieur. Déi zwee hunn an 12 Saisonen zesumme sechs Fuerer-WM-Titel gewonnen. Si hunn eng relativ enk Relatioun. Nom Hamilton senger Iwwerraschungs-Victoire dëse Juli zu Silverstone konnt de Renningenieur esouguer déi eng oder aner Tréin net ënnerdrécken (Zitat no der Course: “Ech hat do eppes am A.”)

Nodeems bekannt gouf, dass de Lewis Hamilton no dëser Saison Mercedes verloosse wäert, hu vill Observateure sech gefrot, op de Peter Bonnington mam Rekord-Weltmeeschter op Maranello wiesselt oder awer zu Brackley bleift. Elo schéint kloer ze sinn: Et gëtt keng gemeinsam Zukunft fir Hamilton-Bonnington. De Lewis Hamilton wäert sech bei Ferrari un een neie Renningenieur gewinne mussen.
Wéi de Site GPBlog.com nämlech mellt a vun engem Mercedes-Spriecher confirméiert krut, huet de Bonnington en neie Kontrakt bei Mercedes ënnerschriwwen. Hien ass do neie Chef-Renningenieur, wäert also d’Aarbecht vun deenen anere Renningenieure koordinéieren. Bis Enn vun der Saison bleift hie selwer Hamilton-Renningenieur, mee vun 2025 u soll hie sech op seng nei Roll konzentréieren.