Formel 1: Grousse Präis vu São PauloLewis Hamilton séchert sech am Qualifying éischt Plaz

RTL Lëtzebuerg
De Mercedes-Pilot huet sech am Qualifying viru sengem grousse Konkurrent an aktuellem WM-Leader Max Verstappen duerchgesat.
© AFP

De Lewis Hamilton op Mercedes huet sech beim Grousse Präis vu São Paulo souverän déi éischte Plaz am Qualifying geséchert. Den aktuelle Leader am WM-Klassement Max Verstappen op Red Bull ass deen 2. ginn. Aus der zweeter Rei wäerten e Samschdeg beim Sprint de Valtteri Bottas op Mercedes an de Sergio Perez um Red Bull starten.

Am Q1 war et den Out fir Stroll, Russell, Latifi, Schumacher a Mazepin. Am Q2 war d’Qualifikatioun fir Ocon, Vettel, Tsunoda, Räikkönen an Giovinazzi eriwwer.

© Screenshot

Aus dem Resultat vum Qualifying ergëtt sech d’Startopstellung fir de Sprint e Samschdeg. D’Resultat vum Sprint ass dann d’Startopstellung fir de Grousse Präis vu São Paulo e Sonndeg. De Lewis Hamilton gëtt hei fënnef Plazen no hanne versat, dat well u sengem Auto de Verbrennermotor gewiesselt gouf.

De weidere Programm a Brasilien

E Samschdeg gëtt um 15.55 Auer deen 2. Fräien Training um Circuit vun Interlagos gefuer. Owes um 20.30 Auer ass dann de Sprint iwwer 100 Kilometer. E Sonndeg den Owend um 18 Auer gëtt dann de Grousse Präis vu São Paulo gefuer. RTL ass fir Iech de ganze Weekend nees live mat dobäi.

Back to Top
CIM LOGO