Formel 1: Grousse Präis vun Abu DhabiMax Verstappen séchert sech d'Pole virum Lewis Hamilton

RTL Lëtzebuerg
Domadder start den Hollänner an der decisiver Course ëm de WM-Titel als Éischten.
© AFP

De Max Verstappen huet sech e Samschdeg am Qualifying fir de Grousse Präis vun Abu Dhabi d’Pole Position geséchert. De Red-Bull-Pilot huet sech viru sengem grousse Konkurrent Lewis Hamilton (Mercedes) behaapt. Aus der zweeter Rei fueren e Sonndeg de Lando Norris (McLaren) an de Sergio Perez (Red Bull) fort.

Nom Q1 war Schluss fir den Nicholas Latifi, George Russell, Kimi Räikkönen, Mick Schumacher an Nikita Mazepin.

Fir de Fernando Alonso, Pierre Gasly, Lance Stroll, Antonio Giovinazzi a Sebastian Vettel war de Qualifying nom Q2 eriwwer.

© Screenshot

Wien 2021 Formel-1-Weltmeeschter gëtt, dat decidéiert sech dann e Sonndeg. Den aktuelle Weltmeeschter Lewis Hamilton an de Max Verstappen gi jo punktgläich an déi lescht Course vun der Saison. Nieft der Fuerer-Weltmeeschterschaft decidéiert sech awer och nach d’Constructeurs-WM. Do huet Mercedes e relativ confortabelen Avantage.

Vun 13.20 Auer u kënnt Dir e Sonndeg de Grousse Präis vun Abu Dhabi live op RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play kucken. Direkt no der Course weise mir e grousse Réckbléck op d’Saison 2021. Hei kënnt Dir den Duell tëschent dem Lewis Hamilton an dem Max Verstappen nach emol hautno erliewen.

RTL-Artikel: Showdown an der Formel 1: Hamilton vs Verstappen: De Weekend fält d’Decisioun ëm de WM-Titel

Stëmmt mat of

Back to Top
CIM LOGO