Spannend Finall a BahrainMick Schumacher neie Formel-2-Champion

RTL Lëtzebuerg
An der leschter Course vun der Saison ass dem Däitschen eng 18. Plaz duergaangen, fir säi Virsprong virum Callum Ilott ze verdeedegen.
© AFP (ARCHIV)

Mat 14 Punkte Virsprong war de Mick Schumacher an déi leschte Course vun der Saison gaangen. No engem gudde Start huet de Pilot vu Prema awer Problemer mat de Pneue krut an huet missen an d’Box fueren. Well awer och an der Suite vun der Course säi gréisste Konkurrent Callum Ilott ëmmer méi Problemer krut, ass dem Mick Schumacher eng 18. Plaz duergaangen, fir säi bis dato gréissten Erfolleg a senger nach jonker Karriär ze feieren.

D’nächst Joer geet de Bouf vum 7-fache Formel-1-Weltmeeschter Michael Schumacher jo an der Formel 1 fir Team Haas un den Depart. Méi Informatiounen iwwert de Mick Schumacher fannt dir am Portrait vum Tom Hoffmann.

Back to Top
CIM LOGO